Dog found tied with wire to tree in Luxembourg

20 Jul, 2016

Dog found tied with wire to tree in Luxembourg

Post for FB copy

Dësen Moien ass GIVE US A VOICE vun engem Member kontaktéiert ginn.
Ons gouf matgedeelt, dass sech am Gronn an der Staat en Mupp géif befannen deen mat engem stolenen Drot un engem Bam festgebonnen ass. GIVE US A VOICE huet sech direkt op de Wee gemaach an de Mupp op der genannter Plaatz virfonnt, wou en am Dreck an am Knascht vegetéiert ass.
Bei Temperaturen em 30 Grad hat dat aarmt Déier weder eppes ze friessen nach eppes ze drénken. Onsen Informatiounen no gouf dësen Hond dozou benotzt Matleed vun guttglewegen Passanten ze appeléieren an sou Geld ze heeschen.

D’ Police vum Zens war direkt op der Plaatz an huet ons ënnerstetzt. An dësem Sënn schwetzen mer en groussen Merci un se aus fir hier Kooperatioun an Hëllef.

Affaire à suivre…

Leave a Reply

*