Dog Show 2019

3 Sep, 2019

Dog Show 2019

Zënter 2 Deeg sinn mir op der Dogshow , wéi all Joer an kucken op erëm Muppen an Autoen setzen an op aner Verstéiss op der Dagesuerdnung sinn , déi géint onst nationalt oder géint EU Déierenschutzgesetz ginn !!!

Obwuel d‘Organisatoren en gut Informatiounsaarbecht gemeet hunn an d‘Leit informéieren , wat erlaabt ass an wat net , sinn erëm méi Verstéiss an zwee Deeg festgestallt ginn 😡

Déieren an Autoen !

Net valabel Passen an Impfungen !

An Camionnetten wou se stonnelaang an och deeglaang duerch ganz Europa ronderëm kutschéiert ginn an ze klengen Käffeger bei héijen Temperaturen vun enger Ausstellung op déi aner etc etc etc 😡

All Respekt fir d’Douane an d‘Veterinärsinspektioun esou wéi déi aner Déierenfrënn , déi 2 Deeg versicht hunn alles fir d‘Wuehl vun den Muppen ze maachen ❤️

D’Fro déi sech stellt , ass dëst nach Zäitgeméiss an gëtt et keng aner Méiglechkeet , fir dass déi seriös Déierenziichter hir Muppen kënnten jugéiert kréien ?